banner4.png
Star InactiveStar InactiveStar InactiveStar InactiveStar Inactive
 

Muchos gratias – villmols Merci!

„Muchos gratis - villmols Merci“ séet den Här Bëschof Guillermo aus eiser Partnerdiözes a Kolumbien, fir d’Ennerstëtzung vum Dekanat Wooltz. Duerch d’Adventsaktioun konnten mir him …. € iwwerreechen. „Muchos gratias – villmols Merci“ konnten den Här Dechen an ech awer och soen, wéi mer elo iwwer Neijoersdag d‘Diözes Girardotta besicht hunn.

Mat dem eenzegen Satz spuenesch „donde esta est il servizio“ si mir ganz gudd iwwer d’Ronnen komm. Well trotz Sproochebarrière ass eis nämlech éng grouss Gastfrëndschaft an Offenheet entgéint komm. Esou hu mir e Land kennen geléiert, dat a sénger Natur sëcher eemoleg ass: e riesegt Land, mat héien Bierger, ofgeléenen Dierfer, énger grousser Vielfalt un exoteschen Planzen, an Stroossen, déi heiansdo méi énger Bullis-Pist gläichen, ass wéi soss eppes. Een déen mam Auto a Kolumbien ënnerwée war, wäert sech nie méi iwwer schlecht Stroossen zu Lëtzebuerg bekloen.

Mä et waren viirun allem d’Mënschen, déi beandrockt hunn. D’Leit a Kolumbien hunn éng immens grouss Liewensfréed, obschons der vill vun hinnen, fir net ze soen, déi alleméescht, a ganz einfachen Verhältnisser liewen: e kléngt Heischen mat 3-4 Zëmmer, wou éng ganz Famill vun meeschtens 8 Leit liewt. Privatsphär wéi bei eis, gëtt et do net vill. Mä zesummen liewen, schaffen, schwätzen a lachen gehéiert zum Alldag; - eben zum normalen Familjeliewen.

Dann ass éen awer och éngem déiwen Glawen begéint. A Kolumbien huet éen zwar munch Sachen an den Kierchen gesinn, déi mir als Kitsch géifen bezeechnen, mä den Glawen gehéiert ganz selbstverständlech zum Alldag, a prägt d’Liewen vun ville Mënschen.

Esou ass et net aussergewéinlech wa vun 3000 Awunner an énger Staat, der bis zu 250 an der Wäertesmass sinn. Vun den Sonndeger guer net ze schwätzen, do ass alles iwwerfëllt. Munch Leit ginn esou guer méi wéi 2 Stonnen zu Fouss fir an d’Kierch ze kommen; - einfach well et hinnen een Uleies ass an der Gemeinschaft ze sinn.

Ganz vill engagéiert Paschtéier hunn mer och kennen geléiert. Den Duerchshnëttsalter vum Klerus läit bei 40 Joer! 2 Paschtéiert hate mir perséinlech et besonnesch ugedoen: Déen éen war Paschtouer an énger Por, déi nei gegrënnt gouf. Hien hat den ënnschten Stack vun éngem kléngen Heischen gelount. D’Stuff war d’Kierch, d‘Kichen war anéngems d’Sakristei, an den Paschtouer selwer huet e kléngt Zëmmerchen ouni Fënster gehaat, dat direkt un d’Kierch ugebaut. Do stoung e Bett, een Dësch an ee Stull dran. Mat wéineg kann éen och zefridden sinn…

Een aner Paschtouer hat éng Por komplett an der Wildnis. Déen ass sonndes alt bis zu 4 Stonnen mam Päerd ënnerwée fir Mass ze halen. Hien war een richtigen Asket an hat doheem a séngem einfachen Paschtouschhaus éng Statu vum hl. Pfarrer v. Ars um Dësch stoen. Beim Mëttegiessen hunn ech missen schmunzelen, wann ech d’Statu, an dann den Paschtouer gekuckt hunn, well deen war genau esou gouereg, wéi den Hellegen.

Sëcher sie hunn och hir Problemer als Kierch a Kolumbien. Den Fortschrëtt mat allem wat hien un negativen Stréimungen mat sech bréngt, mëcht och virun hiren Diren net Halt. Och sie mussen kucken, wéi sie d’Zukunft plangen. An déi läit viirun allem an der Familjen-, Kanner- a Jugendpastoral.

Wat hir chrëschtlech Gemeinschaften awer besonnesch auszéechent, ass ee ganz einfachen, häerzlechen an onkomplizéierten Emgang matenaner. An éng grouss Léift an Trei zur Kierch. Eng Saach, déi ech perséinlech mat Heem bréngen, a vun däer ech fannen, datt se derwäert ass, och bei eis ze realiséieren. Well esou Gemeinschaften iwwerzéegen!

Zum Schluss nach éng kléng Anektod, fir ze weisen, wéi Kolumbien ënner anerem funktionéiert, a wéi fest d’Relioun an hirer Gesellschaft verankert ass: Den Beschof war mat eis mam Auto ënnerwée, an ass ze séier gefuer. Prompt si mir an éng Police-Kontroll komm. Den Beschof huet d’Fënster erof gemach, mam Polizist geschwat. Dunn huet hien den Segen ginn, a schons war den Protokoll bezuelt. Schued datt dat net bei eis hei Heem funktionéiert!

Muchos gratis – villmols Merci fir 10 schéin, spannend, informativ, awar och ustréngend Deeg a Kolumbien.

Am Numm vun deenen zwee „Kolumbien-Pilger“

Marco Wehles, Paschtouer am Porverband Öewersauer